15 Projeten, 15 markant Plazen, déi d'Spuere vun eiser industrieller Vergaangenheet sinn, goufe mat vill Opmierksamkeet, Expertisen an Engagement erhalen an / oder transforméiert – dat ass d’Haaptthema vum neie Buch "XV Patrimoine industriel", dat vum Institut national pour le patrimoine architectural – kuerz INPA – redigéiert an erausgi gouf.