D'Automobilisten, déi aus dem Norden a Richtung Stad e Freideg de Moien op der A7 ënnerwee waren, wäerten et scho gemierkt hunn: Wéinst Problemer un der Ventilatioun an den Tunnelle Grouft a Stafelter gouf d'Vitess a béiden Tunnellen op 70 Kilometer an der Stonn reduzéiert, an och jeeweils eng Spuer gespaart.