Et ass een onschëlleg bis de Contraire bewisen ass! Dat ass e fundamentale Prinzip vun eisem Rechtsstaat, deen et ze respektéiere gëllt. Dat gëllt selbstverständlech och am Fall vun de Piraten-Deputéierten, vun deenen op d'mannst ee vun enger Plainte viséiert ass, déi de Chamberbüro gemaach huet. Ma schonn ier d’Justiz an deem Fall tranchéiert ass kloer, datt sech der do Zwee an de Knéi geschoss hunn, kommentéiert d'Dany Rasqué.