Am Replay: De Réckbléck op d'Sportjoer 2019
Den Tom Flammang huet mam Jenny Warling, dem Bob Bertemes an dem Christine Majerus zeréck op déi lescht Méint an och no vir op 2020 gekuckt.
Den Tom Flammang huet mam Jenny Warling, dem Bob Bertemes an dem Christine Majerus zeréck op déi lescht Méint an och no vir op 2020 gekuckt.
De Tabelleleschten an der Premier League huet ManU mat 2:0 geklappt. Düsseldorf wënnt géint Union iwwerdeems Atalanta den AC Mailand mat 5:0 iwwerrennt.
De Lex Reichling ka sech géint säin gréissten Konkurrent Scott Thiltges behaapten, deen op déi 2. Plaz fiert a Leader am General bleift.
De Japaner huet de Weltcup zu Engelberg an der Schwäiz virum Slowen Prevc an dem Éisträicher Hörl gewonnen.
D'Christine Majerus hat e Retard vu 4 Minutte a 7 Sekonnen op d'Gewënnerin Lucinda Brand aus Holland.
Den Norweger Henkrik Kristoffersen gewënnt am Schi-Alpin de Riseslalom zu Alta Badia virum Fransous Cyprien Sarrazin an dem Slowen Žan Kranjec.
Souwuel de Bö wéi och d'Eckhoff hunn hiren Konkurrenten keng Chance gelooss a gewannen mat groussem Ofstand de Massestart zu Le Grand Bornand a Frankräich.
E Sonndeg de Moie war zu Léiler den 3-Länner-Trail. De Laurent Reichling an d'Sandra Huberty waren déi Bescht iwwer 11 Kilometer.
Dës Decisioun huet Bayern e Sonndeg matgedeelt. Wéi däitsch Medien ausserdeem mëllen, wiesselt de Schalke Golkipp Nübel fir déi nächste Saison op München.
Déi jonk Englännerin huet mat dëser Victoire fir ee weideren historeschen Dag bei der Darts-WM gesuergt.
Tréier gewënnt mam Thomas Grün 81:68 géint Schwenningen.