RIP: "Golden Girls"-Star Betty White ass dout
Si ass op Silvester am Alter vun 99 Joer verscheet. Eng vun hiren erfollegräichste Rolle war déi als "Rose Nylund" an der Kult-Serie "Golden Girls".
Si ass op Silvester am Alter vun 99 Joer verscheet. Eng vun hiren erfollegräichste Rolle war déi als "Rose Nylund" an der Kult-Serie "Golden Girls".
Dës Woch geet et an eisem Joresréckbléck ëm déi politesch Skandaler, déi mer dëst Joer zu Lëtzebuerg duerchgemaach hunn.
Déi 16 Joer jonk Lëtzebuergerin kéint d'nächst Joer eventuell scho bei den Olympesche Spiller zu Peking mat dobäi sinn.
Matten an der Coronawell an um Hannergrond vun de Presidentschaftswalen an eisem Nopeschland iwwerhëlt Frankräich e Samschdeg fir 6 Méint d'EU-Presidence.
Den Neijoerschpatt wäert keen am Restaurant drénken. Well déi musse jo wéinst de strenge Covidmesuren um 23 Auer schonns hir Dieren zoumaachen.
De Maximalpräis fir de Liter Diesel geet e Samschdeg um Hallefnuecht ëm 2,9 Cent erop op dann 1,382 Euro de Liter.
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Persounen, déi um oder mam Coronavirus gestuerwe sinn, elo bei 915 läit.
Sou heescht et am Meteo-Bulletin vun der Akerbauverwaltung ASTA. Besonnesch markant war d'Héichwaasser Mëtt Juli.
D'Fuerscher warnen: Scho lescht Joer war d'Vullegripp wäit verbreet, ma elo wier d'Situatioun esou schro wéi nach ni. An de Wanter ass nach net eriwwer.
Am Joer 2020 hunn enger neier Eurostat-Etüd no an der EU ronn 70 Prozent vun de Leit an hirem eegenen Doheem gewunnt.
E Freideg gouf der Police en Abroch zu Mutfert gemellt. Déi 3 Täter sinn doropshi mat héijer Vitess a Richtung Éiter geflücht.
Aktuell ass nach net gewosst, ob beim Tëschefall Persounen ëm d'Liewe komm sinn.
De Joao Cancelo ass bei engem brutalen Iwwerfall iwwert dem A blesséiert ginn.
Ausgerechent iwwer d'Feierdeeg explodéieren d'Infektiounszuelen. Wann dir Iech frot, wéi grouss Äre Risiko ass, kéint Dir hei eng Äntwert fannen.
Vun en Donneschdeg op e Freideg huet d'Police eng Rei Leit geknäppt, déi ënnert dem Afloss vun Alkohol oder Drogen hannert dem Steier souzen.
Jerusalem huet am ganzen 12 Helikopteren an zwee Tank-Fligeren bei den USA bestallt.
Méi Infektioune mam Covid, dat bedeit, datt och méi Leit e PCR-Test wëllen oder musse maachen.
Rezent si vill Spiller a souguer Matcher ausgefall. Dës Woch gouf schonns dee 541. Spiller an der lafender Saison agesat, souvill wéi nach ni.
D'Gesondheetsministesch bleift weider optimistesch, datt déi aktuell Coronamesuren a priori duerginn, fir déi nei Infektiounswell gedrosselt ze kréien.
Et gi vill Grënn, wisou munch Mënsche meckeren: Maskeflicht, ze wéineg Beefräiheet am Fliger an an an. An da ginn et Mënsche wéi d'Marisa Fotieo.
Den 29. an den 30. Dezember huet de Lëtzebuerger Gil Linster u sengem éischte Karting Event zu Daytona am US-Bundesstaat Florida deelgeholl.
E Freideg de Moie war den Dr. Joël Mossong vun der Direction de la Santé eisen Invité vun der Redaktioun.
Et weess ee jo ni - dofir sinn och nees Ekippen an den Interventiounszentren iwwert de Joreswiessel prett.
Mat ënnerschiddleche Mesurë versichen d'Länner an Europa géint d'Pandemie virzegoen. Dat geet vu Maskeflicht, iwwer Kontaktbeschränkungen bis Lockdown.
"Sou, méi gëtt et net" - mat deene Wierder huet den Anchorman vum ZDF Claus Kleber en Donneschdegowend säin 2.977ten a leschten "heute journal" opgemaach.