Trotz Kritik vun Naturschützer a Baueren: Mercosur-Accord tëscht der EU a véier latäinamerikanesche Länner ënnerschriwwen
D'Mercosur-Ofkommes gëtt an Europa staark kritiséiert, och hei am Land.
D'Mercosur-Ofkommes gëtt an Europa staark kritiséiert, och hei am Land.
Dëse Weekend ass d'Lëtzebuerger Championnat am Schi Alpin zu Adelboden an der Schwäiz.
Dëse Weekend ass d'Lëtzebuerger Championnat am Schi Alpin zu Adelboden an der Schwäiz.
E Samschdeg goufe bei den Dammen a bei den Hären d'1/2-Finalle vun der Coupe an der Coque gespillt.
Um Samschdegowend gouf déi 38. Editioun vun de European Film Awards zu Berlin ofgehalen.
Den FC Bayern bleift duerch eng 5:1-Victoire géint RB Leipzig weider ongeschloe Leader an der Bundesliga. Dortmund hat donieft bal eng 2:0-Féierung verspillt, konnt déi dräi Punkten awer duerch en Eelefmeter an der Nospillzäit nach retten.
An engem Hotel mat Restaurant zu Bieles ass e Freidegowend e Feier ausgebrach. Séier hunn d'Flame ronderëm sech geschloen. D'Gäscht koumen awer mat Zäit eraus.
Mam internationalen Indoor-Meeting an der Coque steet e wichtege Rendez-Vous fir d'Liichtathleten um Programm.
D’Réiser Päerdsdeeg, ee vun de gréissten Evenementer am nationale Sport, wäerten dëst Joer net stattfannen. Dat hat den CEL de leschte Méinden op enger Pressekonferenz bekannt ginn.
Ronn zwee Méint no der Biennale De Mains de Maîtres, war um Freidegowend an der Chambre des Métiers d’Präisiwwerreechung vum Jurypräis a vum Publikumspräis.
Den Aiman Dardari, deen eng éischte Kéier fir Greuther Fürth agewiesselt gouf, konnt den 0:2-Réckstand géint Dresden net méi dréinen.
D'Demonstratioun ass Deel vun enger international koordinéierter Mobiliséierung, fir den nämmlechten Dag weltwäit virun US-Ambassaden ze manifestéieren.
Trotz Warnunge goufen e Samschdeg eng Partie Schifuerer an Éisträich vu Lawinen erfaasst, dat mat zum Deel déidlechem Ausgang.
De Katarer huet d'Rallye Dakar fir déi sechst Kéier a senger Karriär gewonnen a senger Ekipp Dacia déi éischt Schlussvictoire geséchert.
Den US-President mécht am Sträit ëm d'Kontroll iwwer Grönland eescht mat senger Menace vu Stroftaxe géint europäesch Länner.
Dortmund hat bal eng 2:0-Féierung verspillt, konnt déi dräi Punkten awer duerch en Eelefmeter an der Nospillzäit nach retten. Hoffenheim huet sech donieft mat enger 1:0-Victoire géint Leverkusen virleefeg op déi 3. Plaz gesat.
Manchester City muss am Kampf ëm de Championstitel an der Premier League e weidere Réckschlag astiechen. United konnt sech am éischte Match mam neien Trainer Michael Carrick verdéngt mat 2:0 duerchsetzen.
De Schwäizer huet bei der heemescher Descente zu Wengen senger Konkurrenz keng Chance gelooss. Och den Domen Prevc war a Japan op en Neits eng Nummer ze héich fir déi aner Sprénger.
De Lëtzebuerger huet et mat sengem Päerd Doha de Riverland mat enger staarker Leeschtung op de Podium gepackt.
Den internationale Karlspräis vun der Stad Oochen gëllt als wichtegste Präis fir Verdéngschter ëm d'europäesch Eenegung.
RTL-Faktencheck
Brauch een eng Lëtzebuerger Adress, fir eng ".lu"-Domaine ze kréien?
Wann een eng Internetadress mam Domaine ".lu" agëtt, rechent een u sech domadder, op enger Lëtzebuerger Säit erauszekommen.
Et kéint ee sech d’Fro stellen, ob een net zu Lëtzebuerg muss wunnen oder ob eng Firma net zu Lëtzebuerg muss registréiert sinn, fir eng Lëtzebuerger Internetadress ze kréien? Dat ass awer net de Fall. Читать дальше...
A Portugal gëtt e Sonndeg en neie President gewielt. Direkt e puer Kandidate liwwere sech ee Kapp-u-Kapp-Rennen.
D'Police mellt vun e Freideg eng Rei Virfäll vun Drogen an Alkohol am Stroosseverkéier.
De Luxembourg Song Contest de 24. Januar an der Rockhal kritt nach weider prominent Highlighten dobäi.
De Luxembourg Song Contest den 24. Januar an der Rockhal kritt nach e weidere prominenten Highlight dobäi.