Zanter ronn 24 Stonnen sinn d'Europaspiller zu Minsk Geschicht. No 10 Deeg Kompetitioun an 3 dach onerwaarte Medaile fir Lëtzebuerg, där aus Sëlwer am Bouschéissen fir de Gilles Seywert, an deenen zwou Bronzene vum Jenny Warling am Karate a vum Ni Xia Lian am Dëschtennis mat och der Olympiaqualifikatioun, goung déi zweet Editioun vun dësem kontinentale Multisportevenement op en Enn. Op der ganz flotter Ofschlosszeremonie am Dinamo Satdion, wou ee sech virkomm ass wéi bei enger Rees duerch en digitale Fotoalbum vun de leschten Deeg, konnt ee soen: Spasibo (den „s“ als „s“ ausgeschwat an net mam „p“ als „schp“) Belarus, "Merci Wäissrussland!" No der éischter Editioun zu Baku, huet de Franky Hippert och elo Minsk2019 materlieft. E Commentaire vun eisem Mann op der Plaz.