Ohne Rücksicht auf Verluste ass de Frank Engel mat senger Guerilla-Methodik virgaangen. Woubäi ech hei bewosst net op dem Här Engel seng Propositiounen u sech aginn, dat gouf e Méindeg de Moien am Tëscheruff gemaach, iwwert de Fong vum CSV-Chef sengen Iwwerleeunge muss nämlech iwwerfälleg Debatt gefouert ginn. Et geet mir ëm d'Form.