De Weltwirtschaftsforum (WEF) ass ëmmer nees Zil vu Konspiratiounen a Falschinformatiounen. Mëtt Dezember 2022 huet sech am Internet eng Behaaptung verbreet, de WEF wéilt Hauskazen an Hënn schluechten, fir esou de Klimawandel ze bekämpfen. Dat sollen och e puer Medie matgedeelt hunn. Tatsächlech ass awer keng esou Fuerderung ze fannen, weder an de Publikatioune vum WEF, nach a Medieberichter. E Spriecher vum WEF huet d'Behaaptung géintiwwer der AFP och zeréckgewisen.