D'CO2-Emissiounen, déi beim jéngsten Ausbroch vum Etna ausgestouss goufen, sinn enorm, leien awer wäit ënner den Emissiounen, déi duerch mënschlech Aktivitéite verursaacht goufen. Zanter de Vulkan op Sizilien den 21. Mee wärend Stonnen ausgebrach war, heescht et a Bäiträg op de sozialen Netzwierker, dëse Phenomen hätt "méi CO2 emittéiert, wéi de Mënsch jee produzéiert hätt". Dat stëmmt awer net.