Nodeems d'Scholdebrems an Däitschland méi labber gemaach gouf, gëtt dem Friedrich Merz Wielertäuschung virgeheit. A sozialen Netzwierker gouf an dësem Zesummenhang behaapt, mat politescher senger 180-Grad-Kéier hätt hie sech souguer wéinst Wielertäuschung strofbar gemaach. Dat ass awer falsch.